E Freideg huet d'Lëtzebuergerin de Mëttel Tour, e Sprangen iwwer 1,45 Meter, mam Iris van de Bischop gewonnen. 49 Reider waren um Start.

Donieft huet d'Charlotte Bettendorf e Freideg beim CSI4* zu Münster an Däitschland och de Groussen Tour, e Sprangen iwwer 1,50 Meter, mam Raia d'Helby gewonnen. Reider a Päerd waren net nëmmen déi Séierst, si waren och ouni Feeler duerch de Parcours komm. 27 Reider waren hei um Depart.

E Samschdeg koum de Christian Weier mat sengem Päerd Globel op déi 2. Plaz beim Groussen Tour, e Sprangen iwwer 1,50 Meter. D'Decisioune ass tëscht 6 Reider am Stieche gefall. D'Kompetitioun war mat 40.000 Euro dotéiert.