Europa LeagueMéiglech Playoff-Géigner vum F91 Diddeleng sti fest

RTL Lëtzebuerg
Sollt de Lëtzebuerger Champion am 3. Tour vun der Europa-League Qualifikatioun Kalju eliminéieren, da géing et duerno an Armenien oder Georgien goen.
© Val Wagner

Am Futtball war e Méindeg an der Mëttegstonn zu Nyon an der Schwäiz d’Auslousung vum Playoff fir d’Gruppephase an der Europa League. Sollt den F91 Diddeleng am drëtten Tour géint Kalju aus Estland gewannen, da géing de Lëtzebuerger Champion am Playoff géint de Gewënner vun der Partie Ararat aus Armenien a Saburtalo aus Georgien ëm een Ticket an der Gruppephas vun der Europa League spillen.

En Donneschdeg ass den F91 Diddeleng elo awer emol am 3. Tour vun der Qualifikatioun gefuerdert. Den Allersmatch tëscht dem Lëtzebuerger Champion a Kalju gëtt um 20 Auer am Stade Josy Barthel ugepaff. De Retourmatch ass den 13. August um 18 Auer an Estland.

Back to Top
CIM LOGO