Coupe am Volleyball an der RTL Live ArenaD'1/4-Finall tëscht Fenteng an Iechternach um 20.00 Auer am Stream
E Mëttwoch stinn an der Coupe de Luxembourg bei den Hären dräi vun de véier 1/4-Finallen um Programm.
Mam VC Fenteng an dem VB Iechternach kréien et um 20.00 Auer e Mëttwochowend zwou Ekippen aus der MixVoip League mateneen ze dinn.
Och um 20.00 Auer spillt de VC Belair géint Luerenzweiler an um 19.00 Auer muss den Gym Volley beim Escher VBC untrieden. E Samschdeg gëtt dann de leschte Match aus de 1/4-Finallen tëscht Dikrech a Bartreng gespillt.
De Livestream vu weidere Matcher aus der Coupe am Volleyball an der RTL Live Arena
De Programm vun all de Livestreamen aus der RTL Live Arena.