Wat sech zanter e Sonndeg ugedeit huet, ass dann en Dënschdeg confirméiert ginn.

De Wonsch, esou séier wéi méiglech en neien Trainer ze fannen, nodeems de Frank Defays de Veräin jo nom 1. Training Richtung Charleroi verlooss huet, ass de Responsabele vum Racing dann elo endlech gegléckt.

De Régis Brouard hëlt nämlech d'Relève vum Patrick Grettnich beim Stater Racing. Den 52 Joer ale Fransous huet e Kontrakt vun 2 Joer beim Racing ënnerschriwwen.

Seng lescht Trainerstatioun war an der Saison 2017/2018. Déi Saison huet hien de Red Star aus der zweeter franséischer Divisioun gecoacht.