Nom schroen Tornado war laang net kloer, op den Turnéier iwwerhaapt ofgehale kéint ginn, ma glécklecherweis kruten d’Organisateure gréng Lut.
Vun e Freideg bis e Sonndeg sinn et insgesamt 82 Ekippen, déi sech géint déi national an international Konkurrenz beweise wëllen.
Ënnert anerem huele Veräiner ewéi Schalke aus Däitschland, Metz aus Frankräich a Benfica Lissabon aus Portugal un der 27. Editioun vum Jugend-Cup deel, och wann d’Wieder bis ewell nach net matgespillt huet.