Wéi d'Organisatioun vum Tennis-Turnéier op der Kockelscheier per Communiqué matgedeelt huet, hunn d'Angelique Kerber an d'Maria Sharapova ofgesot.

Domat soen zwou vun de bekanntste Spillerinnen, déi op d'Kockelscheier komme sollten, of.

D'Kerber hat sech d'lescht Woch beim WTA-Tournoi zu Peking um Bee blesséiert a gëtt net mat Zäit fit, fir zu Lëtzebuerg opzeschloen.

Beim Maria Sharapova gouf et schonns an de leschten Deeg Zweiwel, dass si zu Lëtzebuerg spille kéint. Déi fënneffach Grand-Slam-Gewënnerin hat schonns den Tournoi zu Linz dës Woch ofgesot. D'Russin wäert nawell op Lëtzebuerg kommen an am "Village" Fans treffen, dat en Dënschdeg um 17 Auer.

Ma och nach eng drëtt Spillerin huet missen ofsoen. Beim Danielle Collins ass eng chronesch Krankheet diagnostizéiert ginn, aus deem Grond wäert och d'US-Amerikanerin net mat dobäi sinn.

Déi zwou jonk Amerikanerinne Catherine McNally a Cori Gauff spillen doduerch keng Qualifikatioun a rutschen direkt an den Haapttableau.