Viru sengen eegene Spectateuren huet de Roger Federer e Sonndeg an zwee Sätz mat zweemol 6:2 géint den Alex de Minaur aus Australien duerchgesat.

Béid Spiller hu vun Ufank un an der Partie eng héich Intensitéit gewisen. Um Enn war de Match awer eng kloer Affär. De Roger Federer huet dem Alex de Minaur guer keng Chance gelooss a sech kloer mat zweemol 6:2 behaapt.

Fir de Federer ass et déi 10. Victoire beim ATP-Tournoi zu Basel an der Schwäiz. De Schwäizer ass zanter 24 Matcher ongeschloen, déi ganz Woch iwwer huet hien 2019 kee Saz ofginn.

D'Victoire zu Basel ass fir de Federer déi 103. a senger Karriär. Hie kënnt domadder dem Jimmy Connors, deen op 109 Victoirë kënnt ëmmer méi no.