
Hien war an de 60er a 70er Joren de Golkipp vun der Escher Jeunesse an huet schonns mat 18 Joer säin éischte Lännermatch gespillt.
Hie gouf 10 Mol Lëtzebuerger Champion an huet 3 Mol d’Coupe gewonnen.
De René Hoffmann war no senger aktiver Karriär Golkippstrainer vun der Jeunesse an der Nationalekipp.
An de leschte Jore war hien als Betreier vun de Roude Léiwe mat dobäi.
D’RTL-Sportredaktioun dréckt der Famill hir d’Bäileed aus.
