En Donneschdeg war de Lëtzebuerger mat sengem Veräin am ieweschten italienesche Volleyballchampionnat am Asaz.

An hei gouf et eng däitlech 3:0-Erfolleg fir dem Kamil Rychlicki säi Club Lube Civitanova. Goung den 1. Saz knapp mat 28:26 op en Enn, war den 2. mat 25:15 scho méi däitlech.

Den 3. Saz konnt d'Heemekipp schliisslech 25:23 wannen an d'Partie domat fir sech entscheeden. Lube Civitanova bleift domat Leader an der Tabell.