BundesligaFSV Mainz trennt sech vum Trainer Sandro Schwarz

RTL Lëtzebuerg
No der 2:3-Néierlag géint den 1. FC Union Berlin, trenne sech d'Weeër vum Veräin an dem Sandro Schwarz.
© afp

Een Dag nodeems den 1. FC Köln säin Trainer Achim Beierlorzer entlooss huet, gouf e Sonndeg e weideren Trainer an der Bundesliga virun d’Dier gesat. Den 1. FSV Mainz huet sech vum Trainer Sandro Schwarz getrennt. No gemeinsame Gespréicher hu sech béid Säiten dorop gëeenegt, fir de Kontrakt fréizäiteg opzeléisen.

Den 41 Joer ale Schwarz war zanter Juli 2017 an der Verantwortung bei Mainz. Säi Kontrakt sollt eigentlech nach bis Juni 2020 goen.

De Schwarz a seng Ekipp haten an der Lescht fir zwee Negativ-Rekorder beim FSV gesuergt. De leschte Weekend gouf et géint Leipzig eng 0:8-Defaite, déi héchsten an der Veräinsgeschicht, a mat der Néierlag e Samschdeg géint Union Berlin huet een 8 vun 11 Matcher an dëser Saison verluer, wat et bis elo och nach ni gouf.

Back to Top
CIM LOGO