Handball
Miodrag Jelicic gëtt neien Trainer vun de Käerjenger Hären

De Miodrag Jelicic ass 46 Joer al an huet déi däitsch Nationalitéit.
Hien huet als Spiller bei folgende Clibb gespillt: a Kroatien bei RK Zadar (2. Liga), a Serbien bei Dubočica (1. Liga) a Partizan Belgrad (1. Liga), a Polen bei Piekary Slaskie (1. Liga) an an Däitschland bei HSG Völklingen a VTZ Zweibrücken (3. Bundes-Liga).
Als Trainer war hie bis elo bei TV Homburg, TBS Saarbrücken, HK Dudweiler an HK Püttlingen. Hien war dës Saison schonns Trainer vun der U19 vu Käerjeng, esou wéi Assistenz-Trainer vun den Hären.
Am meeschte gelies