Den Jake Burton wollt net op Schi stoen an huet mam Snuerfer experimentéiert, fir um Enn de Snowboard ze entwéckelen.

De Snowboard-Pionéier Jake Burton Carpenter ass dout. An der Nuecht op en Donneschdeg ass den Amerikaner am Alter vu 65 Joer gestuerwen, dat huet eng Spriecherin vu senger Firma Burton matgedeelt.

D'Doudesursaach war Kriibs, sou steet et an engem Schreiwes vum John Lacy, deen d'Firma zesumme mam Carpenter senger Fra Donna geleet huet. "Mat schwéierem Häerze musse mir matdeelen, datt den Jake am Krees vu senger Famill un de Folge vu senger Kriibserkrankung friddlech gestuerwen ass". Weider heescht et: "Hie war de Grënner, d'Séil vum Snowboarden, deejéinegen, deen eis de Sport ginn huet, dee mir alle esou gären hunn".

De Carpenter, deen 1954 gebuere gouf, hat scho fréi mam Schifueren ugefaangen an d'Virforme vum Snowboard (Snurfer, eng Zort Surfbried fir de Schnéi) entdeckt, weiderentwéckelt, produzéiert a vermaart. No engem Ekonomie-Studium huet den Jake Burton an de 70er Joren dunn de Snowboard erfonnt. 1977 huet hien d'Firma Burton gegrënnt a gouf domadder extrem erfollegräich.