D'Norwegerin Tiril Eckhoff huet 10-Km-Poursuite bei de Damme gewonnen. Am Staffel Rennen bei de Hären gëtt Norwegen senger Favoritteroll gerecht.

Beim Biathlon-Weltcup zu Hochfilzen an Éisträich stoung bei den Dammen e Sonndeg d'Poursuite iwwer 10 Kilometer um Programm. D'Norwegerin Tiril Eckhoff huet sech ouni Schéissfeeler mat engem Virsprong vu 25 Sekonne virun der Schwedin Hanna Öberg an 39 Sekonne virun der Norwegerin Ingrid Landmark Tandrevold duerchgesat.

Bei den Häre stoung um Sonndeg de Mëtteg d'Staffel um Programm. Iwwer 4x7,5 Kilometer hu sech d'Athleten aus Norwegen duerchgesat. Nëmmen 2 Sekonnen no den Norweger ass Däitschland mam Schlussleefer Benedikt Doll iwwert d'Zillinn gefuer. Iwwert eng 3. Plaz ka sech Frankräich freeën.