
Englesch Woch an der Bundesliga mat dem 16. Spilldag. En Dënschdegowend huet alles op den Toppmatch tëscht Dortmund a Leipzig gekuckt. Den Opsteiger Düsseldorf war zu Augsburg op Besuch an Union Berlin krut et mat Hoffenheim ze dinn - hei den Iwwerbléck vun de Matcher.
E Mëttwoch geet et da mat dëse Partië weider:
Gladbach - Paderborn
Freiburg - München
Frankfurt - Köln
Wolfsburg - Schalke
Leverkusen - Hertha Berlin
0:1 Weigl (23'), 0:2 Brandt (34'), 2:1, 2:2 Werner (47', 53'), 3:2 Sancho (56'), 3:3 Schick (78')
D’Haaptaffiche vum Owend war d’Partie am Westfalenstadion tëscht Dortmund a Leipzig. Ronn 80.000 Spectateuren hunn an den éischte Minutten eng Borussia gesinn, déi am eegene Stadion géint een direkte Konkurrent gewanne wollt. Deementspriechend fulminant ass de BVB gestart, dat mat Goler vu Weigl a Brandt - virun allem dem zweetgenannte säi Geste virum 2:0 war kuckeswäert. Leipzig hat am 1. Duerchgang net vill ze gutt an huet sech deemno seng Kären fir déi zweet 45 Minutte gespuert.
Bannent 8 Minutten hunn d’Bullen dunn an Duerchgang 2 d’Partie gläichgestallt. Fir d’éischt huet den Dortmunder Kipper Bürki de Ball net kläre kënnen an huet esou dem Werner dat ronnt Lieder virum eidele Gol zerwéiert. Kuerz drop huet den däitsche Goalgetter nach een dropgesat an d’Partie war komplett relancéiert.
Dortmund koum awer nees a Féierung, déi Kéier duerch eng flott Aktioun iwwer déi riets Säit an engem Ofschloss vum Sancho. Ma et huet ee gemierkt, datt déi Mass zu Dortmund nach net gelies war. Leipzig konnt nämlech eng zweete Kéier ausgläichen an esou goung eng spektakulär Partie mat engem Remis op en Enn.
0:1, 0:3, 0:4 Quaison (10', 19', 38'), 0:2 Selbstgol (15'), 0:5 Mateta (81')
Fir de Leandro Barreiro gouf et virun der Auswäertspartie vu Mainz 05 zu Bremen virop eng manner gutt an eng gutt Noriicht - déi manner gutt: de Lëtzebuerger Nationalspiller huet vun der Bänk missen ufänken - an déi gutt: vun do aus huet déi jonk Vedette eng Mainzer Ekipp gesinn, déi no den éischte 45 Minutte mat 4:0 a Féierung louch.
Dräimol Quaison an ee Selbstgol vun de Werderaner hunn de Mainzer dësen däitleche Virsprong erméiglecht. Nom Säitewiessel war vun de Bremer weider net vill ze gesinn. 12 Minutte viru Schluss gouf de Leandro Barreiro agewiesselt. De Lëtzebuerger Nationalspiller konnt och nach de 5:0 vu senger Ekipp um Terrain mat erliewen, wéi de Mateta mat sengem Gol der Partie den Tëppel op en I gesat huet.
Mainz 05 konnt deemno engem direkte Konkurrent wichteg Punkten ofhuelen, iwwerdeems dem Trainer Kohfeldt säin Trainerstull ufänkt ze wackelen.
1:0, 2:0 Max (32', 72'), 2:0 Jedvaj (61')
Augsburg hat géint den Opsteiger vun Düsseldorf d’Méiglechkeet, mat 3 Punkte sech am gesécherte Mëttelfeld ze etabléieren. No der 1. Hallschecht huet dëse Projet gutt ausgesinn. De Max konnt seng Faarwe mat 1:0 an den Avantage schéissen. Nom Säitewiessel konnten déi Augsburger nach zwou weider Kéiere markéieren an domat 3 Punkte kloermaachen.
0:1 Bebou (56'), 0:2 Baumgarnter (90'+1)
“Die Eisernen” vu Berlin kruten et mat der TSG Hoffenheim ze dinn. No den éischte 45 Minutte goung et ouni Goler an d’Paus. D’Gäscht sinn eng déck 10 Minutten nom Téi mat 1:0 a Féierung gaangen a konnten dëse Virsprong kuerz viru Schluss souguer nach ausbauen.