De Kamil Rychlicki wënnt mat Civitanova 3:1. Um Samschdeg hat Tréier mam Thomas Grün 81:68 géint Schwenningen gewonnen.

Volleyball

Am italienesche Volleyball-Championnat huet um Sonndeg den Owend de Kamil Rychlicki mat Lube Civitanova auswäerts géint Trentino mat 3:1 (29:27, 17:15, 25:14, 25:20) gewonnen.

An der 1. Belscher Divisioun verléieren de Chris Zuidberg a Waremme mat 1:3 (25/19, 23/35, 15/25, 20/25) géint de Volley Gent. De Lëtzebuerger Nationalspiller konnt 13 Punkten a 4 Blocks fir sech verbuchen.

Basket

Um Samschdeg den Owend war den Thomas Grün mat Tréier zu Besuch bei de Panthers Schwenningen. De Lëtzebuerger stoung bei der 81:68-Victoire fir Tréier knapps 21 Minutten um Terrain. 7 Punkten an 1 Assist huet de Lëtzebuerger Nationalspiller fir d'Victoire bäigesteiert.

Schonns e Freideg den Owend hat Saarlouis doheem mat 61:73 géint Panthers Osnabrück de Kierzere gezunn. D'Lëtzebuergerin d'Mandy Geniets stoung net am Kader vu Saarlouis.