E Sonndeg war den Optakt vun der Véierschanzentournée, DEM Schisprang-Evenement vun der Saison. Déi 1. Kompetitioun gouf zu Oberstdorf ausgedroen.

Viru ronn 25.500 Spectateure konnt sech den Titelverdeedeger vun zejoert Ryoyu Kobayashi (305.10) no den zwee Duerchgäng virun der Konkurrenz duerchsetzen. Beim Optaktsprange zu Obertsdorf koumen op d'Plazen 2 an 3 den Däitsche Karl Geiger (295.90) an den Dawid Kubacki (294.70) aus Polen.

De weidere Programm

  • Garmisch-Partenkirschen (Däitschland): 31.12 Qualifikatioun, 1.1 Kompetitioun
  • Innsbruck (Éisträich): 3.1 Qualifikatioun, 4.1 Kompetitioun
  • Bischofshofen (Éisträich): 5.1 Qualifikatioun, 6.1 Kompetitioun