Den australeschen Tennisspiller huet ee Mouvement lancéiert, bei deem Sue gesammelt ginn, fir deene Leit ze hëllefen, déi Affer vum schroe Feier gi sinn.

Virum ATP-Cup zu Brisbane an Australien hat den Nick Kyrgios, d'Enfant terrible vum Tennis-Sport, schonns ugekënnegt, pro Ace, deen en dës Saison schléit, 200 Dollar fir d'Affer vun de schroe Bëschbränn a senger Heemecht ze spenden. Eng sëllegen Tennisspiller konnte sech un dëser Aktioun begeeschteren an hu sech bereet erkläert matzemaachen. Och den Organisatioun-Comité vum ATP-Cup wëll d'Aktioun ënnerstëtzen.

Nom éischte Match e Freideg huet een e gezeechenten Nick Kyrgios am Interview nom Match erlieft. D'Nummer 30 op der Welt konnt sech géint de Jan-Lennard Struff aus Däitschland behaapten an huet an dëser éischter Partie schonn 20 Acë geschloen. Säin Zil, esou vill wéi méiglech Sue fir de gudden Zweck ze sammelen, schéngt de 24 Joer jonken Tennisspiller besonnesch ze motivéieren.

"It's bigger than tennis"

Aner Sportler engagéiere sech

Den Appell vum Nick Kyrgios kommen ëmmer méi Sportler no. Net nëmmen, datt weider Sue wärend den Australian Open (20.1.-2.2.) solle gesammelt ginn, ma och Sportler aus dem Cricket, deen an Australien immens beléift ass, an dem Basket hunn hir Promesse-de-donen annoncéiert.

Vun e Samschdeg u soll sech d’Situatioun an Australien nach emol verschlëmmeren, mat nees Temperaturen vun iwwer 40 Grad a staarkem Wand, dee virausgesot ass. Méi dozou liest der hei.