Eisen Informatiounen no soll de Mario Mutsch an der Futtballschoul méi Responsabilitéite kréien.

Nom annoncéierten Depart vum Reinhold Breu als Directeur technique um Enn vu sengem Kontrakt Enn Juni d‘nächst Joer ginn d’Weichen an der Futtballschoul vun der FLF scho fir d’Zukunft gestallt.

Eisen Informatioune no soll de Mario Mutsch vun elo u méi Responsabilitéiten am Centre de formation zu Monnerech kréien. De Lëtzebuerger Rekordnationalspiller, deen zanter September bei der FLF schafft, soll vun elo un d‘wichteg Joergäng vun den U12 a vun den U15 als Cheftrainer iwwerhuelen.

De Manu Cardoni huet jo d‘U19 an d‘U21, sou datt vun elo u scho méi wéi d‘Hallschent vun de Joergäng an der Futtballschoul vun dësen 2 geschaten Trainer ofgedeckt wieren.