Wéinst der schlechter Loftqualitéit zu Melbourne huet den Training bei den Australian Open en Dënschdeg zäitweis missen ënnerbrach ginn.

Onzefriddenheet op Australian Open / Franky Hippert

Op Twitter huet d'Lëtzebuerger Tennisspillerin Mandy Minella wéineg Verstees-de-mech gewisen , dass momentan Quali-Matcher zu Melbourne gespillt ginn.

D'Loftqualitéit wier därmoosse schlecht an et misst een net just un d'Spillerinnen denken, mä och un d'Leit, déi misste schaffen, wéi beispillsweis d'Ball-Kanner.

AUDIO: Wéineg Verstees-de-mech vum Mandy Minella

An eenzele Quali-Matcher hu verschidde Spillerinnen duerch Otem-Problemer missen opginn, dorënner d'Slowenin Dalila Jakupovic.

AUDIO: Mandy Minella iwwert Spillerinnen, déi hu missen opginn

Am éischten Tour vun der Qualifikatioun kritt d'Mandy Minella et mat der franséischer Tennisspillerin Jessika Ponchet ze dinn, der aktueller Nummer 187 an der WTA-Weltranglëscht. D'Lëtzebuergerin ass aktuell op der Plaz 140.

D'Kritik vum Mandy Minella ass net onbemierkt bliwwen. Esou huet zum Beispill den Internetsite "Eurosport.de" d'Twitter-Bäiträg vun der Lëtzebuergerin opgegraff.