E Samschdeg war de Chris Zuidberg mat Waremme an der 1. belscher Divisioun am Volleyball am Asaz an huet mat 0:3 verluer.

Sonndeg

E Sonndeg ass d'Magaly Meynadier mat den Angels vun Nördlingen zu Keltern bei de Rutronik Stars ugetrueden. D'Gäscht hu missen eng 62:68-Néierlag astiechen. D'Lëtzebuergerin war gutt 37 Minutte mat vun der Partie an huet dobäi 8 Punkte markéiert.

Ee weidere Basketball-Spiller war e Sonndeg am Asaz. Den Thomas Grün ass an der 2. däitscher Bundesliga mat den Tréier Gladiators bei d'Bayer-Leverkusen-Giants gereest. De Lëtzebuerger konnt 2 Punkte markéieren an huet domat d'63-71-Néierlag vu senger Ekipp net konnte verhënnert.

Samschdeg

An der 1. Belscher Divisioun verléieren de Chris Zuidberg a Waremme mat 0:3 (25/18, 25/23, 25:21) géint Tectum Achel. De Lëtzebuerger Nationalspiller konnt 3 Punkten a 1 Block fir sech verbuchen. Domat bleift Waremme an der Tabell mat 1 Punkt op der leschter Plaz.