Mat dëser Victoire sinn déi Ettelbrécker wéi och Hiefenech elo sécher am Playoff. Dräi Ekippe kämpfen nach ëm déi leschte Plaz.

Scho virum 17. Spilldag war kloer, datt bei den Hären mam Basket Esch, de Musel Pikes an dem T71 Diddeleng 3 Ekippe sécher fir de Playoff vun der Total League qualifizéiert sinn. E Freideg den Owend sinn nach d'Etzella an Hiefenech dobäikomm.

Et war dëse Weekend eng wichteg 66:60 Victoire vun Hiefenech géint de Racing, well domadder huet d'Ekipp sech direkt fir d'Playoffs qualifizéiert a muss net méi um leschte Spilldag zidderen.

Hiefenech feiert wichteg Victoire
Domat si si fir d'Playoffs qualifizéiert.

Duerch déi 2 Punkten huet och d'Etzella sech qualifizéiert. Mat hirem neien Amerikaner si si beim Leader Esch ugetrueden an hunn hei eng 77:68 Victoire erausgeschloen.

Um leschte Spilldag decidéiert et sech tëscht der Fiels, Bartreng an dem Racing, wien déi leschte Plaz am Playoff kritt.

An do huet d'Fiels alles an der Hand. Sollte si doheem géint de Racing gewannen, hu si déi sechste Plaz sécher. Bartreng dogéint muss hoffen, datt de Racing wënnt a si selwer mussen hire Match och wannen. Fir de Racing heescht et ze wannen an hoffen, datt Bartreng just 1 Punkt op der Etzella kritt.

Am Play-Down mussen aktuell d'Amicale a Conter untrieden.

D'Resultater vun den Hären

Racing - Hiefenech Resultat 60:66
Arantia Fiels - Musel Pikes 68:76
Sparta Bartreng - Amicale Steesel 105:78
Basket Esch - Etzella Ettelbréck 68:77
Conter - T71 Diddeleng 105:109

Dammen-Basket

Vill Entscheedunge sinn um zweetleschte Spilldag bei den Dammen net gefall. Eenzeg de Gréngewald kann net méi an de Playdown kommen, Konter, Bartreng an Hesper hu keng Chance méi op de Playoff.

Gutt Ausgangspositiounen hunn Diddeleng, Steesel an d'Ettelbréck, déi duerch an Victoire sécher am Playoff sinn. Esch, Walfer an d'Pikes hunn ee Punkt Retard. Si mussen hir Matcher wannen, fir an d'Playoffs ze kommen. Um leschte Spilldag muss Walfer op Hueschtert, Steesel kritt Conter op Besuch, Diddeleng spillt géint d'Pikes, Ettelbréck trëfft op Bartreng an Esch reest op Hesper.

D'Resultater vun den Dammen

Sparta Bartreng - Amicale Steesel 68:85
Basket Esch - Etzella Ettelbréck 70:77
Gréngewald - Telstar Hesper 65:64
Résidence Walfer - Musel Pikes 83:66
Conter - T71 Diddeleng 57:67

Den Iwwerbléck vun der Nationale II