
© Shari Schenten
Bei den Dammen sinn um leschte Spilldag nach Esch, Walfer an Diddeleng an de Playoff agezunn.
Scho virum 18. Spilldag war kloer, datt bei den Häre sech de Basket Esch, d'Musel Pikes, den T71 Diddeleng, d'Etzella an Hiefenech sécher fir d'Playoffs qualifizéiert haten. Um leschte Spilldag ass et dann drëms gaangen, wie sech déi lescht Plaz fir d'Playoffs séchere kann. Hei koume mat der Fiels, dem Racing a Bartreng nach 3 Ekippen a Fro, woubäi d'Fiels an de Racing direkt géinteneen ugetruede sinn.
An der éischter Halschent krut d'Fiels awer eng op den Deckel nodeems se mat engem 26:46 géint de Racing an d'Paus gaange sinn an et domadder op eemol net méi gutt ausgesinn huet. Fir de Racing dogéint ass d'Dier vun de Playoffs ëmmer méi grouss opgaangen. An och no der Paus ass et der Fiels net gelongen de Réckstand ze verkierzen a verléieren mat 74:90. Domadder huet sech de Racing fir de Playoff qualifizéiert.
Och d'Sparta huet géint d'Etzella e staarke Match gewisen a louch an der Paus mat 57:45 a Féierung. Sie haten allerdéngs Pech dat de Racing géint d'Fiels héich a Féierung louch an doduerch hat Bartreng keng Chance méi sech fir de Playoff ze qualifizéieren och wa se zum Schluss mat 99:84 gewannen.
Tëscht Hiefenech an Esch kruten d'Spectateuren dogéint e spannende Match ze gesinn. D'Lokalekipp ass richteg gutt an de Match komm a louch nom 1. Véierel mat 17:16 a Féierung. Dono huet Esch awer den Tempo erhéicht a sinn mat enger 36:31 Avance an d'Paus gaangen. Nom Säitewiessel huet d'Lokalekipp gutt vun der 3er-Linn getraff a konnten sech am Schluss vum Match ofsetzen sou dat Hiefenech verdéngt mat 72:67 gewënnt.

© Guy Seyler
Fir de Playoff hu sech folgend Ekippen qualifizéiert: Basket Esch, Musel-Pikes, T71 Diddeleng, Etzella Ettelbréck, US Hiefenech an de Racing.
Am Play-Down mussen d'Amicale, Conter, d'Fiels an d'Sparta untrieden.
D'Resultater vun den Hären
Etzella Ettelbréck - Sparta Bartreng 84:99
Arantia Fiels - Racing 74:90
Hiefenech - Basket Esch 72:67
Amicale Steesel - Conter 91:102
T71 Diddeleng - Musel-Pikes 81:96
Dammen-Basket
Bei den Dammen ass duerch d'Victoiren vun Esch, Walfer an de Musel-Pikes, déi sech géint den direkte Konkurrent Diddeleng gewonnen hunn, de spezielle Fall agetrueden an deem d'Ekippen Esch, Walfer, Musel-Pikes an Diddeleng mat 29 Punkten alleguer punktgläich sinn. Am direkte Vergläich tëscht dëse 4 Ekippen, sinn et dann awer d'Musel-Pikes déi vun deene 4 Ekippen net an d'Playoffs anzéie wäerten.
An d'Playoffs hunn et dann schlussendlech de Gréngewald, Steesel, Ettelbréck, Esch, Walfer an Diddeleng gepackt. Am Play-down mussen d'Musel-Pikes, Conter, Bartreng an Hesper untrieden.
D'Resultater vun den Dammen
T71 Diddeleng - Musel-Pikes 55:76
Residence Walfer - Gréngewald Hueschtert 74:68
Amicale Steesel - AB Contern 77:76
Telstar Hesper - Basket Esch 71:106
Etzella Ettelbréck - Sparta Bartreng 87:62