
E Sonndeg war et am Hären-Basket d’Suite vum 1. Spilldag am Playoff wéi och am Playdown. Bei den Dammen huet d’Etzella am Playoff dem T71 keng Chance gelooss.
Playoff
Etzella Ettelbréck - Racing 93:68 (54:38)
De Stater Racing ass sportlech relativ gutt an de Match komm, ma hiren Amerikaner Scott Morton gouf vum Trainer no 4 Minutten op d’Bänk gesat, dat well hie bis dohi schonns ganzer 4 perséinlech Feeler géint sech gepaff krut. Ma dëst sollt der Leeschtung awer keen Ofbroch doen. Béid Ekippen hunn en immens flotten a séiere Basket am 1. Quarter gespillt. Am 2. Véierel konnten d’Gäscht net méi grad sou mathalen, a virun allem am Rebound war d’Lokalekipp dem Stater Racing e Schratt iwwerleeën. Ettelbréck huet de Match lues awer sécher dominéiert, sou dass si mat engem Virsprong vu 16 Punkten (54:38) an d’Paus gaange sinn.
An der 2. Hallschent war de Racing wuel beméit, ma de Retard op d’Lokalekipp sollt net wierklech méi kleng ginn. Den Amerikaner vun der Etzella Lee Harrell huet eng fantastesch Leeschtung gewisen, a ganzer 46 Punkte markéiert. Sou huet d’Etzella weiderhin de Ball lafen gelooss, an de Match um Enn verdéngt mat 93:68 gewonnen.
Playdown
AS Zolwer - Arantia Fiels 90:84 (48:46)
D’Spectateuren hunn eng immens spannend Partie gesinn, bei där sech béid Ekippen näischt geschenkt hunn. D’Lokalekipp huet den 1. Véierel wuel däitlech mat 27:16 gewonnen, ma d’Fiels huet am 2. Quarter zeréckgeschloen an dëse mat 30:21 gewonnen, sou dass et mat 48:46 an d’Paus gaangen ass. Et ass bis zum Schluss spannend bliwwen, ma d’Lokalekipp huet um Enn d’Iwwerhand behalen. DZolwer wënnt mat 90:84 géint d’Fiels.
Playoff
Etzella Ettelbréck - T71 Diddeleng 77:58 (43:31)
De Gaascht vu Diddeleng konnt déi éischt Minutte vum Match nach relativ ausgeglach gestalten, éier d’Etzella ëmmer besser un d’Rulle komm ass. Sou stoung et nom 1. Véierel 29:14 fir d’Lokalekipp. Am 2. Quarter krute sech d’Damme vun Diddeleng um Rimm gerappt, a stounge virun allem an der Defense vill besser wéi nach am 1. Véierel. Mat engem Retard vu 12 Punkten (31:43) ass den T71 an d’Paus gaangen. Och no der Paus hat géint eng staark Ettelbrécker Ekipp den T71 näischt ze radetten, sou dass et no 40. Minutten eng souverän 77:58-Victoire fir d’Dammen aus den Däichwise gëtt.
Playdown