Verwaltungsrot vun der FLBB kënnt e Méindeg nees zesummen

© pressphoto (Archiv)
Et rumouert weider ferm an der Lëtzebuerger Basketfederatioun. Ugangs der nächster Woch elo, gëtt sech nach eng Kéier zesumme gesat.
No den Decisioune vun en Donneschdeg Owend, wou den FLBB-President Henri Pleimling an engem Video annoncéiert huet, datt déi aktuell Saison gewäert gëtt an dowéinst Steesel a Conter erausfalen, a mat Hesper a Walfer déi zwee éischt aus der Nationale 2 opsteigen, bléist der FLBB en zolitte Wand entgéint.
Am Conseil d'Administration selwer, ginn d'Usiichten eisen Informatiounen no och auseneen
Besonnesch d'Decisioun, datt Konter a Steesel lo aus der Total League erausfale sollen, huet fir vill Reaktioune gesuergt.
Ma och Zolwer krut jo d'Chance geholl opzesteigen. Konter huet direkt an engem Bréif de Verwaltungsrot vun der FLBB opgefuerdert, seng Decisioun ze iwwerdenken. Déi Steeseler goufen och iwwerrascht, de Vizepresident vun der Amicale Guy Schiltz:
"Mir waren iwwerrascht dat iwwer d'Medie gewuer ze ginn, dobäi kënnt, datt mer ëmmer der Meenung waren, eng Decisioun géif mat de Veräiner zesumme geholl ginn."
Och de Pit Nilles, Comitésmember vun de Musel Pikes, déi jo mat der Etzella annoncéiert hunn, d'Coupefinall bei den Hären am Ufank vun der neier Saison zu Kayl net ze spillen, an och net vum Playdown concernéiert ass, hofft awer, datt den CA vun der FLBB elo nach den Dialog mat der Veräiner siicht, wat d'Modalitéite fir déi nächst Saison uginn:
"Den Dialog muss zustane kommen. Ech fannen dat eng onglécklech Entscheedung, a sportlech net nozevollzéien. Ech weess, datt mer bereet wieren, sou wéi och den RTL-Expert Guy Seyler schreift, zu 12 oder zu 14 d'nächst Saison ze spillen."
Fir de Jemp Gutenkauf, Teammanager vun der Ettelbrécker Etzella, ass eppes lo ganz wichteg, nämlech:
"Dass sech d'Federatioun mat de Veräiner zesummesetzt, fir dat Ganzt nees an d'Rei ze bréngen. Ob zu 10, 12 oder 14 soll gespillt ginn, soll zesummen entscheet ginn."
No de Reaktiounen a Kriticken aus de leschten Deeg soll de Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Basketballfederatioun e Méindeg zesummekommen, fir dat Ganzt ze analyséieren.
Eng Propos vum Guy Seyler
Richteg war, de Championnat komplett ze stoppen. Eng aner Méiglechkeet gouf et net.
Wéi et awer virugeet, do goufen et e puer Proposen.
1. Et sollt een de Championnat annuléieren, quasi e Reset maachen, an déi nächst Saison genee esou ufänken wéi dës. Dat géif awer fir déi Clibb aus der Nationale 2 bedeiten, datt si vill Efforten a vill Geld investéiert hätten, fir no 23 Matcher eidel auszegoen.
2. Eng aner Propos, fir op 14 Ekippen erop ze goen, bedeit eng Qualifikatiounsronn mat 26 Matcher. A wat kënnt duerno? Dat ass kalennerméisseg net ze maachen.
Meng Propos wier en Opstocken op 12 Clibb gewiescht.
Kee fält eraus, déi aktuell 2 beschtklasséiert aus der Nationale 2 steigen op. Benodeelegt wier hei mat Zolwer just eng Ekipp. Miersch dierft opgrond vun hirem Parcours keng Uspréch stellen.
Organisatoresch ass et och ze stemmen. 22 Matcher an der Qualifikatioun, et misst ee just 1 Changement maachen: Déi ominéis Tëscheronn mat 5 onnëtze Matcher géif een ersetzen duerch eng Ronn Best-of-Three ( 1 – 8, 2 – 7 asw.). Duerno dann direkt Halleffinallen am Best-of-Three-Modus an da Finalen Best-of-Five.
Dat wieren maximal 33 Spilldeeg. A wann een d'Halleffinallen och wëllt nom System Best-of-Five spillen, da wieren et 35 Matcher - aktuell si mir elo bei 36.
Oppene Bréif un d'FLBB an hir Veräiner vum Fernand Schroeder
Als direkt Betraffene vun de Suitte vum deemolege Streik vun den Arbittere riichten ech haut en Appell un all Acteuren, fir net déi selwecht Feeler ze maachen ewéi deemools.
Un de President an de Conseil d'Administration vun der FLBB:
Är Decisioun, fir den Spillbetrib anzestellen, war a mengen Aen zu dem Zäitpunkt richteg (och waJuristen dat anescht gesinn). Mëttlerweil huet d'Entwécklung vun der Situatioun jo och confirméiert, datt et eng gutt Decisioun war. Wat den Titel an den Op- an Ofstig ubelaangt, kann ee gedeelter Meenung iwwer är Decisioun sinn. Maacht wannechgelift net de Feeler, fir an dësem Punkt stuer ze bleiwen. Dat war leider d'Astellung vum deemolege President an dem Comité Central an huet zu dem bedauerleche Schlamassel gefouert deen, nach 2 Saisonen gedauert huet.
Un d'Veräiner
Veräiner, déi sech zu Recht oder Onrecht benodeelegt fillen, solle wannechgelift drop verzichten, fir de juristesche Wee anzeschloen. Si solle bedenken, datt net nëmme si, mee och déi Leit un der Spëtz vun der FLBB éierenamtlech sinn. Setzt iech zesummen (esou wäit dat ënner dëse Konditiounen méiglech ass) a versicht eng gemeinsam Propos eranzeginn a mat deene Responsabelen am Konsens eng Léisung ze fannen.
Un iech alleguer
Sidd iech alleguer bewosst, datt et net nëmmen ëm den Interessi vun eenzele Veräiner geet, mee ëm d'Zukunft vum ganze Lëtzebuerger Basket. De Probleem muss vum Dësch, fir datt déi nächst Saison kann ënner gudde Bedingunge gespillt ginn. Et kann net sinn, datt déi nächst Saison, an eventuell nach weiderer, ënner dem Drock vu juristesche Streidereien stinn, esou ewéi dat leider nom SR-Streik de Fall war.
Dir musst zesummen eng gemeinsam Léisung fannen, och wa se eventuell am Widdersproch zu dem engen oder aneren Artikel vun de Statuten an Reglementer ass. Et sinn aussergewéinlech Zäiten, also mussen och aussergewéinlech Decisioune geholl ginn, esou ewéi d'Regierung dat jo och am Moment mécht.
Wann néideg kann déi Léisung jo vun enger aussergewéinlecher Generalversammlung confirméiert ginn, déi ass jo souverän. Ech hoffen, datt des Iwwerleeungen all deenen éierenamtleche Läit bei der Federatioun an och bei de Veräiner hëllefen, hir Decisiounen am Interessi vum Lëtzebuerger Basket ze huelen.
________________________________
vum Fernand Schroeder, Fréieren Fiba-Arbitter a fréiere Member vum Comité Central vun der FLBB