Och déi Responsabel vum BBC Gréngewald ware vun der Kommunikatioun an de Medien iwwer de weidere Verlaf vun der Saison bass erstaunt.

Déi Responsabel vum BBC Gréngewald waren, wei vill aner Veräiner och, iwwerrascht, wéi si iwwert sozial Netzwierker an d'Medien de 26. Mäerz gewuer gi sinn, datt den Conseil d'Administration vun der FLBB decidéiert hätt, déi aktuell Saison ze clôturéieren an e Champion ze definéieren.

Si bedaueren, datt net mat hinne geschwat gouf, obwuel d'Federatioun dat am Communiqué vum 15. Mäerz preziséiert hätt. Haut géifen et technesch Méiglechkeete ginn, fir mat de Clibb ze kommunizéieren. Eng Polemik, esou wie mir se haut géife kennen, hätt e kënnen evitéieren. Aus der Sicht vum Gréngewald hätt guer keng Urgence bestanen, fir esou eng Entscheedung ze treffen, heescht et am Communiqué weider. A si géifen d'Decisioun vun der FLBB kontestéieren.

Am Interêt vum Lëtzebuerger Basket rifft de Gréngewald d'FLBB, op Decisioun vun der Coupe ze iwwerdenken. Et géif sech vum selwe verstoen, datt eng Finall an enger klenger Hal fir keen intressant wier. Weder finanziell, nach sportlech. Aus der Sicht vum Gréngewald sollt e richtegt Basketfest organiséiert ginn.

Opgrond vun de genannte Grënn am Communiqué an am Interessi vun de Lizenzéierten a Benevollen fuerdert de Gréngewald de Verwaltungsrot vun der FLBB op, hier Decisioun nach emol ze iwwerdenken.

Reaktioun vum Hermann Paar, Trainer vun den Damme vum BBC Gréngewald

Hermann Paar
Trainer vun der Dammenekipp vum BBC Gréngewald.