Dëst sot eis d'Lynn Schreiner vun der Ettelbrécker Etzella, déi jo bei den Dammen um gréngen Dësch d'Meeschterkroun zougeschriwwe krut.

Och a Coronazäiten ass an de leschten Deeg jo vill iwwert verschidden Decisioune vum Comité Central vun der Lëtzebuerger Basketballfederatioun diskutéiert ginn. Besonnesch d'Op an d'Ofstigsfro, an och d'eventuell Verleeë vun der Coupefinall an den Ufank vun der neier Saison, hu vill Reaktiounen a Kritik ausgeléist.

D'Fro ëm d'Meeschterkroun gouf och gekläert, léisst awer déi meescht Leit kal.

Speziell Situatioun fir Spiller / Rep. Franky Hippert

Dat gëllt och fir déi, déi sech elo Champion nennen däerfen. Bei den Dammen ass dat d'Etzella a bei den Hären den Basket Esch. D'Spiller, déi mir am Interview haten, akzeptéieren zwar d'Decisioun vum Comité Central vun der FLBB, ma fir de Joé Biever vun deenen Escher ass awer och eppes kloer:

"Et absolut net de Wee, wéi mer wollte Champion ginn. Mir ware schaarf op de Rescht vun der Saison. Mir hätten eisen 1. Championstitel léiwer op engem proppere Wee kritt. Dat ganzt Gefill, wéi ee Champion gëtt, ass fort. Mir konnten net emol zesummen een drénken goen. Nächst Saison wëlle mer den Titel op dem richtege Wee gewannen."

D'Lynn Schreiner vun der Ettelbrécker Etzella war schonn iwwerrascht, wéi et op eemol geheescht huet, si dierfte sech Champion 2020 nennen:

"U sech schonn, well ech hat éischter domat gerechent, datt d'Fro méi wichteg wier, wien op- an ofsteigt. Ech krut op eemol Messagen um Handy, an deenen ech felicitéiert krut, ech wousst emol net, ëm wat et géif goen."

Wat de Spillmodus fir d'nächst Saison ugeet, héiert ee beim Joe Biever eraus, datt d'Spiller näischt dogéint hätten, wann de Comité Central seng Positioun nach emol géif iwwerdenken:

"Jo, ech an déi meescht Spiller hu schonn dacks gesot, datt mir mam aktuelle Spillsystem net zefridden sinn. Et wier méi cool, herno eng Liga zu 12 ze hunn, wou am Titel-Playoff den 1. géint den 8., den 2. géint de 7. asw. géife spillen."

Dialog a Konsens, dat sinn 2 Wierder, déi een no den Decisioune vum Comité Central vun der FLBB en Donneschdeg elo an deene leschten 3 Deeg an der klenger Lëtzebuerger Basketballwelt ëmmer nees héieren huet. E Méindeg kënnt de Verwaltungsrot vun der Federatioun jo beieneen, fir iwwert dat Ganzt ze schwätzen.