Fir de Beräich SportCSV-Fraktioun fuerdert Diskussioun iwwer Exit-Strategie

RTL Lëtzebuerg
D'CSV-Fraktioun hätt gären, datt déi parlamentaresch Kommissioun fir Gesondheet a Sport zesummekënnt, dat a Presenz vum Sportminister Dan Kersch.

Vun der Partei heescht et, et misst een iwwert eng Exit-Strategie fir de Beräich vum Sport diskutéieren.

Déi aktuell Kris géing nämlech och de Federatiounen, de Clibb an de Sportler vill Problemer maachen, op där enger Säit wat d’Organisatioun betrëfft, op där anerer Säit awer och wat d’Finanzen ugeet.

PDF: Schreiwes vun der CSV

Back to Top
CIM LOGO