16 Coache maache grad d'A-Lizenz am Basket

© pixabay
Eng Partie Trainer sinn den Ament amgaangen, d'A-Lizenz ze maachen, eppes, wat ee bis dëst d'Joer nach net hei zu Lëtzebuerg maache konnt.
Am Basket gëtt aktuell no engem Spillmodus fir déi nei Saison gesicht. Gespillt gëtt zanter Mäerz net méi. Dowéinst versiche verschidde Coachen, déi aktuell Zäit ze notzen, fir aner Saachen ze maachen. Wéi zum Beispill d'A-Lizenz. D'Lëtzebuerger Basketfederatioun an Zesummenaarbecht mat der ENEPS hunn dëst op d'Been gestallt. Wéinst der Corona-Pandemie gëtt de Cours aktuell allerdéngs ënnert de strikte Mesuren gehalen, déi virgeschriwwen sinn.
Ënnert deene 16 Coachen, déi den A-Schäin maachen, ass och den Nationaltrainer Ken Diederich:
"Den A-Schäin ass relativ ustrengend, et ass zu Miersch, mir sinn zu 16 am Cours an et dauert bis 2021. Mir hu Klassen iwwer verschidden Themen, mir mussen och eng Thees schreiwen. Well ech awer aktuell kee Basket hunn, ass et déi perfekt Zäit, fir dat ze maachen. Et ass déi éischte Kéier, datt et ugebuede gëtt an et ass eng flott Saach vun der FLBB an der ENEPS."
Mat der A-Lizenz an der Täsch gëtt natierlech och den Trainer-CV méi attraktiv. Datt dëst och eng Auswierkung op ee méigleche Coaching-Job am Ausland hätt, denkt den aktuell Trainer vum T71 Diddeleng awer net onbedéngt:
"Ech denken, datt déi Chancen och virdrun do waren, fir am Ausland ze coachen. Allerdéngs bass de elo mam A-Schäi richteg konform, et ass dann änlech wéi de Pro-Schäin. Et kann net schueden, esou ee Schäin ze hunn, wann een d'Ambitioun huet, am Ausland ze schaffen."
Aktuell ass de Ken Diederich och amgaangen, déi nei Saison beim T71 ze preparéieren. Wat d'Nationalekipp ugeet, hofft hien, datt d'Matcher, déi fir Enn vum Joer geplangt sinn, kënne gespillt ginn.
