De Weekend steet bei den Dammen an den Hären am Basket-Championnat een duebele Spilldag um Programm.

E Freideg den Owend ass de kompletten zweete Spilldag gespillt ginn an e Sonndeg ass et dann dee kompletten drëtte Spilldag.

E Sonndeg kënnt Dir d'Partie Amicale Steesel géint Arantia Fiels bei den Hären am Livestream op RTL.lu suivéieren.

Hären-Basket

Etzella Ettelbréck - AB Contern 110:90 (26:22, 28:22, 24:22, 32:24)

Déi zweete Victoire um zweete Spilldag gouf et fir d'Etzella. Déi Ettelbrécker konnte sech an de véier Véierel ni e ganz grousse Virsprong erausspillen, ma si hunn d'Partie kontrolléiert a Conter op Distanz gehalen. An der Paus stoung et 54:44 zu Gonschte vun den Haushären. An der zweeter Hallschent konnt een de Virsprong weider ausbauen, sou datt et um Enn eng 110:90-Victoire gouf.

Résidence Walfer - Racing 75:71 (25:21, 9:27, 22:11, 19:12)

Spannend war d'Partie tëscht Walfer an dem Racing. No der éischter Hallschent hate sech d'Gäscht aus der Stad eng gutt Avance erausgespillt a louche mat 48:34 a Féierung. Ma d'Résidence huet an der zweeter Hallschent besser gespillt an ass zéng Minutte viru Schluss un déi Stater erukomm. 23 Punkte vun de Gäscht am drëtten a véierte Véierel waren um Enn net genuch, sou datt Walfer mat 75:71 gewonnen huet.

Walfer setzt sech knapp géint de Racing duerch
75:51 stoung et um Enn fir d'Heemekipp.

Hiefenech - Amicale Steesel 101:76 (30:21, 22:22, 28:14, 21:19)

Eng staark Leeschtung huet e Freideg den Owend Hiefenech géint Steesel gewisen. D'Ekipp vum Daniel Brandao huet sech um Enn ganz kloer mat 101:76 géint d'Amicale duerchgesat. Nom éischte Véierel hat sech d'Lokalekipp e Virsprong vun 9 Punkten erausgeschafft. Déi zweet 10 Minutte war d'Partie ausgeglach an ass mat engem 22:22 op en Enn gaangen. Mat engem Avantage vun 52:43 fir Hiefenech ass domat an d'Paus gaangen.

Och am drëtte Véierel huet Hiefenech säi Spill weider duerchgezunn an esou konnt een de Virsprong weider ausbauen. Mat engem Avantage vun 23 Punkten ass et an de leschte Véierels gaangen. D'Haushären hu sech hei d'Victoire net méi huele gelooss an esou setze si sech um Enn ganz verdéngt mat 101:76 géint Steesel duerch. Bei den Hiefenecher hu mam Milik Yarbrough, dem Denell Stephens an dem Christopher Jones dräi Spiller iwwer 20 Punkte markéiert. Bei de Gäscht louch just de Landon Taliaferro mat 36 Punkten iwwert dësem Wäert.

Arantia Fiels - Basket Esch 58:83 (15:22, 12:20, 21:16, 10:25)

Keng Chance hat e Freideg den Owend d'Fiels géint de Basket Esch. D'Lokalekipp hat virun allem Problemer fir de Miles Jackson-Cartwright ënner Kontroll ze kréien. Net manner wéi 27 Punkten huet hien um Enn markéiert. Mat 22 Punkten huet och de Pit Biever bei den Escher erausgestach. An der Paus louch d'Arantia mat 27:42 hannen. Am drëtte Véierel konnten d'Haushären de Retard wuel verkierzen, ma staark lescht 10 Minutte vum Basket Esch hunn um Enn fir eng kloer Defaite gesuergt.

T71 Diddeleng - Sparta Bartreng 87:67

Telstar Hesper- Musel Pikes 69:78

Tabell

Dammen-Basket

Amicale Steesel - Etzella Ettelbréck 57:67 (25:14, 8:23, 15:11, 9:19)

D‘Amicale Steesel ass héich motivéiert an de Match gaangen. D‘Damme vum Trainer Thierry Kremer hunn eng aggressiv Defense gespillt an d‘Etzella esou zu Ballverloschter gezwongen. Deemno krute si an der Offensiv och ëmmer nees liicht Wërf, déi si och gréisstendeels eraschéisse konnten, esou dass et nom 1. Véierel schonns 25:14 stoung. Am zweete Véierel war vun där aggressiver Defense net méi vill ze gesinn. D‘Etzella huet de Spiiss elo ëmgedréint an et esouguer nach besser gemaach, well si gounge mat engem Avantage vu 4 Punkten, dat beim Stand vu 37:33, an d‘Paus. Nom Säitewiessel waren d‘Damme vu Steesel elo nees méi aktiv an hunn och nees méi konsequent an der Defense agéiert. An der Offensiv war et virun allem d‘Alexandra Williams, déi e groussen Undeel drun hat, datt et virum Schlussvéierel 48:48 stoung. Am leschte Véierel war et dunn eng laang Zäit ganz spannend, ma um Enn hat d‘Etzella déi besser Nerven, huet manner Feeler gemaach an esou gewënnt een de Match um Enn mat 67:57.

Etzella wennt zu Steesel
D‘Amicale Steesel ass héich motivéiert an de Match gaangen.
RTL

© Yannick Zuidberg / RTL

Musel Pikes - Basket Esch 67:49 (23:4, 16:20, 14:15, 14:10)

Résidence Walfer - AB Contern 72:60 (13:17, 18:14, 22:8, 19:21)

Fir d'Damme vu Walfer gouf et um 2. Spilldag déi zweete Victoire an dëser Saison. Et war eng ausgeglache Partie tëscht béide Veräiner. Nodeems Conter de liicht bessere Start hat an nom éischte Véierels mat 17:13 a Féierung loung, huet d'Lokalekipp an den zweeten 10 Minutten de Réckstand ausgeglach, sou datt et mat engem 31:31-Gläichstand an d'Paus gaangen ass.

Am drëtte Véierel war du Walfer méi staark an d'Ekipp ronderëm d'Samantha Rae Logic huet sech e Virsprong vu 14 Punkten erausgespillt. Dësen huet sech d'Résidence bis zum Schluss net méi huele gelooss, sou datt si sech um Enn mat 72:60 géint Conter gewonnen huet.

T71 Diddeleng - Sparta Bartreng 92:61

Maacht mat bei eiser Ëmfro