Lëtzebuerg verléiert no gudder 1. Hallschent géint Island

© Screenshot
An der WM-Pre-Qualifikatioun huet Lëtzebuerg en Donneschdeg de Mëtteg mat 76:90 géint Island verluer. An der Paus louch ee mat 38:34 a Féierung.
En Donneschdeg huet zu Bratislava an der Slowakei deen drëtte Match an der Pre-Qualifikatioun fir d'WM 2023 op d'Lëtzebuerger Basket-Nationalekipp gewaart. No zwou knappen Néierlage géint d'Slowakei an de Kosovo stoung Island der FLBB-Formatioun géintiwwer. No enger staarker éischter Hallschent huet Lëtzebuerg um Enn mat 76:90 géint Island verluer. Fir Island ass et déi zweet Victoire am drëtte Match.
An den éischten zwee Véierel huet Lëtzebuerg eng staark Leeschtung gewisen. D'FLBB-Häre waren direkt voll am Match dran, hunn de Ball dréine gelooss an hu gutt géint d'Islänner dogéint gehalen. Esou louch een an der Paus verdéngt mat 38:34 a Féierung.
No der Paus huet Island een anert Gesiicht gewisen. Si hu méi séier gespillt a ware mat hire groussen a staarke Spiller schwiereg ze verteidegen. D'Lëtzebuerger haten domadder hir Problemer a konnten de Virsprong net halen. No ronn 5 Minutten am drëtte Véierel hunn d'Islänner d'Féierung iwwerholl an déi bis zum Schluss net méi ofginn, fir da mat 90:76 ze gewannen.
E Samschdeg spillt d'Lëtzebuerger Basketball-Nationalekipp zu Bratislava deen nächste Match an der WM-Pre-Qualifikatioun an dat um 19 Auer géint d'Slowakei. Och dës Partie kënnt Dir am Livestream op RTL.lu suivéieren.
De Resümmee vum Match
Lëtzebuerg ass gutt an de Match géint Island gestart. Géint een athletesch staarke Géigner mat grousse Spiller huet d'Ekipp vum Ken Diederich gutt dogéint gehalen. D'FLBB-Formatioun huet fréi attackéiert an och defensiv huet een déi néideg Presenz gewisen. No 5 Minutte sinn d'Lëtzebuerger duerch een éischten Dräier, deen de Philippe Gutenkauf markéiert huet, mat 10:9 a Féierung gaangen. Och duerno ass de Match am éischte Véierel enk bliwwen. Keng Formatioun konnt sech e gréissere Virsprong erausspillen. No 10 Minutte louch Lëtzebuerg mat 24:23 a Féierung, dat duerch een Dräier vum Ben Kovac an der leschter Sekonn.
Den Ufank vum zweete Véierels war gepräägt vu villen Ënnerbriechunge wéinst Feeler an dat virun allem op der Säit vun den Islänner. Hinnen huet et un der néideger Beweegung an der Defense gefeelt an et war virun allem de Clancy Rugg, deen hinne Schwieregkeete gemaach huet. No knapp 4 Minutte louch Lëtzebuerg mat 7 Punkten a Féierung. No enger méi schwiereger Phas vun de Lëtzebuerger an där d'Islänner de Réckstand verkierze konnten, ass dem Philippe Gutenkauf e weidere wichtegen Dräier gegléckt, esou datt et no 7 Minutten 33:27 fir d'FLBB-Häre stoung. Bis d'Paus huet d'Ekipp vum Ken Diederich et fäerdegbruecht, fir de Virsprong ze halen an esou ass et mat engem Avantage vun 38:34 an d'Vestiairë gaangen. Beschte Spiller bei de Lëtzebuerger war de Clancy Rugg an der éischter Hallschent an dat mat 15 Punkten.
D'Lëtzebuerger Nationalekipp huet am drëtte Véierel e gudde Start kannt a konnt mat engem 0:4 de Virsprong op 42:34 ausbauen. Dobäi ass et awer net bliwwen. D'Islänner hunn nämlech een anert Gesiicht gewisen. Si hu besser rotéiert, hu méi séier gespillt an esou hunn d'Lëtzebuerger sech mat der Defense schwéier gedoen. D'Islänner sinn dann och Punkt ëm Punkt méi no erukomm an esou stoung et no ronn 5 Minutte 47:47 gläich. Bei de Lëtzebuerger ass an där Phas net méi vill zesumme gelaf an esou ass et dem Géigner gelongen, fir sech tëschenduerch beim Score vun 58:48 e Virsprong vun 10 Punkten erauszespillen. Um Enn vum drëtte Véierel hu sech d'FLBB-Hären nees e bësse gefaangen, och wann een ouni den Alex Laurent huet missen eens ginn. De Profi vu Klosterneuburg huet no 8 Minutten nämlech säi 5. Feeler gemaach. Beim Score vu 66:59 aus Siicht vun den Islänner ass et an déi lescht 10 Minutte gaangen.
Am leschte Véierel hat een am Ufank kuerz d'Hoffnung, datt d'Lëtzebuerger eventuell nach eng Kéier kéinten erukommen, well den Elan bei den Islänner net méi ganz esou staark war. Ma d'Hoffnung huet net laang gehalen. D'Lëtzebuerger hunn net méi zu hirem Spill fonnt an esou huet sech de Géigner ëmmer méi wäit ofgesat. An der Mëtt vum leschte Véierel stoung et 77:64 aus Siicht vun den Islänner. Um Enn hunn d'Lëtzebuerger mat 76:90 de Kierzere gezunn.
E Samschdeg spillt d'Lëtzebuerger Basketball-Nationalekipp zu Bratislava deen nächste Match an der WM-Pre-Qualifikatioun an dat um 19 Auer géint d'Slowakei.