En Donneschdeg an e Samschdeg huet Lëtzebuerg an der Pre-Qualifikatioun fir d'WM 2023 géint Island a Slowakei gespillt.

En Donneschdeg hat d'FLBB-Formatioun am Match géint Island eng gutt Leeschtung an der éischter Hallschent vum Match gewisen. Am zweeten Deel vum Match ass d'Ekipp vun Island dann awer besser ginn. Sie kruten d'Partie u sech gerappt an hu sech um Enn géint Lëtzebuerg duerchgesat.

E Samschdeg huet dat géint d'Slowakei awer anescht ausgesinn. An engem spannende Match huet d'Ekipp vum Ken Diederich eng immens staark Leeschtung gewisen a sou stoung zum Schluss déi éischt Victoire an der Pre-Qualifikatioun fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp.