
Ausser 2 gieler Kaarte gouf et an der éischter Hallschent vun dëser Partie awer net ganz vill ze gesinn, sou dass et no 45 Minutte mat 0:0 an d’Paus gaangen ass.
No 62. Minutten dunn war et awer Frankfurt, déi duerch en Eelefmeter vum Dost a Féierung gaange sinn. Knapp 15 Minutte méi spéit dunn e weideren Eelefmeter, dat awer fir Wolfsburg. Hei konnt de Weghorst markéieren an op 1:1 egaliséieren.
Ma och an der 88. Minutt war et nees de Weghorst, deen no enger Pass vum Schlager op 2:1 markéiere konnt. Och 5 Minutten Nospillzäit sinn net méi duergaange fir Frankfurt, fir hei nach auszegläichen, sou dass et mat enger 2:1-Victoire fir de VfL op en Enn gaangen ass.