Euro Cup am BasketDammen aus dem Gréngewald spillen en Donneschdeg zu Namur

Tom Hoffmann
Hei am Land gëtt aktuell wéinst dem Coronavirus kee Basket gespillt, ma op europäeschem Niveau ass dat aneschters.

D’Damme vum Gréngewald spillen en Donneschdeg den Owend eng Partie am Euro Cup auswäerts géint Namur. De Lëtzebuerger Champion vun 2019 hat sech d’Aventure op europäeschem Niveau natierlech anescht virgestallt.

Wéi de Championnat ënnerbrach gouf, konnten d’Spillerinne vum Trainer Hermann Paar nach vill trainéieren, allerdéngs ass dëst zanter dem Lockdown am Sport net méi méiglech. Den Ëmgang mam Covid-19 gëtt um Gréngewald vun Ufank u ganz seriö geholl.

Den Herrmann Paar

Dunn hunn déi richteg Schwieregkeeten ugefaangen, mir hate praktesch keen Training méi, sinn dunn 1-2 Mol an d’Ausland trainéieren gaangen, allerdéngs mat engem grousse finanziellen Opwand an och vill Organisatioun wéinst dem Anhale vun de Reegelen. Et ass eng schwiereg Situatioun. Schonns wärend der Saison hu mir gutt op de Covid-19 opgepasst. Soubal zum Beispill ee Fall an enger Schoul war, ass d’Spillerin an Isolatioun gaangen an ass net méi op den Training komm.

De Gréngewald stécht an de Preparatioune fir den Euro Cup
Trotz de Restriktiounen an der feelender Spillpraxis preparéiere sech d’Damme vum Gréngewald fir de Match géint Namur.

Back to Top
CIM LOGO