Ben Kovac mat perfektem Start an d'Saison an Holland

© pressphoto.rtl.lu (Archiv)
De Ben Kovac spillt zanter dëser Saison an der éischter hollännescher Basketliga an huet domat de Sprong an de Profiberäich gewot.
De Lëtzebuerger Nationalspiller huet mat senger Ekipp Den Helder Suns een exzellente Start an d'Saison kannt.
An den éischten 3 Matcher vun der Saison an der ieweschter hollännescher Liga goufen et 3 Victoiren. Virun allem déi éischt hat ee groussen Impakt op d'Confiance an der Ekipp, sou de Ben Kovac.
"Doheem den éischten Match iwwerraschend géint Den Bosch gewonnen, déi absolut Favorit sinn, och souguer op den Titel dës Saison. Mir hunn do ee ganz gudde Match gemaach a mir waren déi besser Ekipp. Sou ee Match ze wannen, gëtt engem Confiance fir déi aner Matcher, an doduerch hu mir ënnert anerem och déi zwee aner Matcher gewonnen."
Fir de Ben Kovac war et no senge Jore beim Basket Esch ee grousse Schratt an de Profiberäich. Genee wéi seng Ekipp konnt och de Lëtzebuerger Nationalspiller awer direkt mat gudde Leeschtungen iwwerzeegen. 12 Punkte pro Match loosse sech fir den Ufank weisen.
"Perséinlech kann ech scho soen, datt ech mat menge Leeschtungen zefridde sinn. Et ass awer och ëmmer méi einfach, wann et an der Ekipp gutt leeft, da geet et och perséinlech dacks besser. Ech hu mech awer net ze vill op menge Leeschtung fokusséiert, mä wollt virun allem der Ekipp hëllefen. Fir mech ass et ëmmer am Wichtegsten, datt mir gewannen."
Och an Holland gëllen fir den Ament ganz streng Corona-Mesuren, déi och ee groussen Afloss op de Sport hunn.
"Mir ginn eng Kéier d'Woch am Testzenter getest. Virun de Matcher ass och nach ee Schnelltest. Wann déi dann all negativ sinn, gëtt de Match gespillt, wat bis elo nach ëmmer de Fall war. An der Hal hu mir d'Mask un, et ginn zwee verschidde Vestiairen an et si just Spiller, Trainer, Staff, e puer Pressevertrieder a Benevoller dobannen."
A Mëtt Februar wäert de Ben Kovac och nees fir d'Lëtzebuerger Basketsnationalekipp an de Pre-Qualifikatiounsmatcher fir d'WM 2023 am Asaz sinn.