Déifferdeng obligéiert SchnelltesterKersch vun LFL enttäuscht, Futtballfederatioun verleet ganze Spilldag

RTL Lëtzebuerg
D'LFL huet decidéiert, datt am nationale Futtball, anescht wéi an anere Sportaarten, keng Schnelltester solle bei de Futtballer an den Asaz kommen.
Corona-Tester am Championnat
Am Handball, Basket a Volleyball ginn d’Schnelltester obligatoresch, am Futtball ass dat bis ewell net de Fall.

Schnelltester am Futtball / Reportage Franky Hippert

Als Reaktioun op d’Situatioun zu Déifferdeng, wou d’Gemeng just Futtballmatcher erlaabt, wa béid Ekippe getest goufen, huet d’Lëtzebuerger Futtballfederatioun elo decidéiert, all d’Matcher vun dësem Weekend ofzesoen. U sech sollt d’BGL-Ligue bei den Dammen an Hären jo erëm ufänken. D’Matcher ginn op engem spéideren Datum nogeholl.

D’FLF probéiert an den nächsten Deeg zesumme mam Sportsministère an de concernéierte Clibb eng Léisung ze fannen, fir d’Matcher kënnen ausgedroe ginn.

PDF: De Communiqué vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO