Contern klappt Musel Pikes, bei den Damme gewënnt d'Etzella

Musel Pikes - Contern / © Maya a Robert Straus
D'Ettelbrécker Damme waren ze staark fir Contern. Iwwerdeems gewënnt Musel-Pikes däitlech mat 91:23 géint Sparta. Bei den Häre klappt Contern Pikes.
E Sonndeg war am Damme-Basket d'Suite vum 8. Spilldag an der Total League.
Hären-Basket
Arantia Fiels 85:75 Etzella Ettelbréck(29:16, 45:45, 69:61, 85:75)
Um 7. Spilldag gouf et déi iwwerraschend éischte Néierlag fir d'Etzella vun Ettelbréck, déi mat 75:85 géint d'Arantia aus der Fiels verléieren. D'Arantia war gutt an de Match koum a sou louche si och fréi no nëmme 5 Minutten ewell 17:8 am Avantage. Bis zum Enn vun den éischten 10 Minutte konnt de Leader vun Ettelbréck ni richteg an de Match kommen a bei der Fiels huet virun allem offensiv vill geklappt. Am 2. Véierel huet d'Bild sech du gedréint. Ettelbréck ass méi sécher am Ofschloss ginn, och wa virun allem hannert der 3er-Linn nach Sputt no uewe war. Um Enn konnte si awer nach virun der Paus ausgläichen a sou goung et mat 45:45 an d'Paus.
Bei der Arantia hu virun allem den Johnson an de Sturdivant an awer och den Derek Wilson iwwerzeegt. Ettelbréck waren am drëtte Véierel erëm nëmme 16 Punkte gelongen a sou konnt d'Arantia mat enger Avance an de leschte Véierel goen. Hei huet d'Lokalekipp näischt méi ubrenne gelooss, a sou gouf et eng dach bëssen iwwerraschend Defaite fir d'Etzella.
Musel Pikes 77:88 Contern (19:20, 37:39, 58:68, 77:88)
D'Musel Pikes hate mat Contern eng schwéier Aufgab virun der Broscht. Am éischte Véierel ware béid Formatioune gutt an de Match gestart, ma et konnt sech awer keen ofsetzen a sou goung et mat engem ganz enke 19:20 aus der Sicht vun de Pikes an den zweete Véierel. Hei konnten d'Haushäre weider gutt mathalen, och wann d'Gäscht um Enn no 20 Minutte mat 2 Punkten an Avance louchen, dëst beim Score vun 39:37. Et muss een awer festhalen, dass d'Trefferquot op béide Säiten ze wënschen iwwreg gelooss hat.
No der Paus konnt Contern sech eng éischte Kéier bëssen ofsetzen a sou hate si virum leschte Véierel och eng Avance vun 10 Punkten. Souwuel de Keith Stone, ewéi och de Jerome Frink konnte mat jeeweils 31 Punkte fir hir jeeweileg Ekipp optrompen. Trotz all de Beméiunge vun de Musel Pikes sollt et um Enn net méi duergoen a sou verléieren déi Miseler mat 77:88 géint Contern.
Hiefenech 71:54 Racing (17:14, 40:30, 54:44, 71:54)
Steesel 79:107 T71 Diddeleng (18:27, 36:47, 60:73, 79:107)
Basket Esch 79:71 Bartreng (23:24, 47:34, 63:54, 79:71)
Telstar 65:116 Walfer (17:32, 35:69, 45:84, 65:116)
Tabell
Dammen-Basket
Etzella Ettelbréck 86:66 Contern (29:22, 23:15, 17:21, 17:8)
Iwwerdeems bei Conter gläich 4 Spillerinnen an den Ufanksminutte getraff hunn, war et bei der Etzella virun allem Jovana Jaksic wat d’Hiewel an Hand geholl huet. Dono sinn och déi aner Spillerinne besser an de Match komm an esou huet d’Etzella den 1. Quarter mat 29:22 fir sech entscheet. Conter hat zu dësem Zäitpunkt Méi der Etzella eppes dogéint ze setzen an esou louch de Réckstand fir den ABC bei 15 Punkten an der Paus. No der Paus hunn et d’Gäscht nach emol versicht, mä trotz engem gudden 3. Véierel sollt et fir eng Victoire zu Ettelbréck net méi duergoen. D’Etzella gewënnt verdéngt mat 86 op 66 géint Conter.
Musel-Pikes 91:23 Sparta Bartreng (22:9, 27:7, 23:8, 19:4)
E ganz batteren Owend fir d’Sparta Bartreng. Ganzer 23 Punkte sinn de Gäscht a véier Quartere gelongen. Pikes gewannen deemno ganz däitlech. Bei Sparta ass ze bemierken, dass si ouni Amerikanerin spillen.
T71 Diddeleng 74:71 Gréngewald Hueschtert (28:14, 50:31, 60:48, 74:71)
De Leader vun Diddeleng war gutt an de Match koum a sou konnte si sech fréi eng komfortabel Avance erausspillen. Och am zweete Véierel waren d'Damme vun Diddeleng kloer am Virdeel a virun allem offensiv hu vill Versich de Wee bis an de Kuerf fonnt. Sou war zur Halbzeit schonn eng Virentscheedung gefall, dëst beim Score vu 50:31 fir déi Diddelenger.
Am drëtte Véierel sinn op béide Säite wéineg Punkte markéiert ginn, ma d'Gäscht konnten de Réckstand awer liicht verréngeren, éiert de Gréngewald am leschte Véierel ee richtege Comeback hileeë konnt. 3 Minutte virum Enn hat Hueschtert den Ausgläich markéiert, dëst beim Stand vu 67:67. Um Enn sollten hir Beméiungen awer net belount ginn a sou konnt den T71 eng weider wichteg Victoire feieren.
Basket Esch 74:65 Steesel (15:16, 30:32, 48:50, 74:67)
Am Match tëscht zwee Veräiner, déi éischter ënnen an der Tabell placéiert sinn, war et am éischte Véierel en ganz ausgeglachen Ugeleeënheet. Keng Ekipp konnt sech ofsetzen a sou goung et mat enger minimaler Avance zu Gonschte vu Steesel an den zweete Véierel. Dëse war genau sou ausgeglach, sou dass zur Paus beim Score vun 30:32 aus Escher Sicht stoung.
No der Paus blouf et am drëtte Véierel nach eng serréiert Partie, éiert déi Escher Dammen am leschte Véierel fir d'Entscheedung suerge konnten. Ugefouert vum Tatsiana Likhtarovich, dat ganzer 32 Punkte verbuche konnt, war den Escher Dammen an de leschten 10 Minutte 26 Punkte gelongen.