Walfer behaapt sech zu Bartreng, Fiels klappt de Racing

E Samschdeg den Owend sinn am Häre-Basket dräi Matcher vum 11. Spilldag an der Total League gespillt ginn.
Nieft de Victoirë fir d'Résidence Walfer an d'Arantia Fiels konnte sech iwwerdeems d'Musel Pikes géint d'Amicale Steesel duerchsetzen.
Härebasket
Résidence Walfer - Sparta Bartreng 82:70
(29:19, 26:19, 12:16, 15:16)
An der Ufanksphas war et zu Walfer eng ausgeglache Partie, an där d'Ekipp vu Bartreng gutt mathale konnt. An de leschte Minutte vum 1. Véierel huet d'Lokalekipp dann awer ëmmer méi ugezunn. Mat deem Tempo ass et dann och am zweete Véierel weidergaangen a sou stoung et an der Hallschent 55:38 fir d'Résidence.
Och den 3. Véierel huet Walfer weider säi Match gemaach, sou dass Bartreng et schwéier hat opzehuelen. Mat engem Virsprong vun 13 Punkte fir d'Haushären ass et an de leschte Véierel gaangen, wat um Enn dann och genuch war, fir d'Victoire iwwert d'Zäit ze bréngen. Domat wënnt d'Résidence zum Schluss mat 82:70 géint Bartreng.
Arantia Fiels - Racing 85:77
(22:25, 18:16, 21:17, 24:19)
Mat der Arantia an dem Racing hu sech zu Fiels vun Ufank un zwou Ekippen op Aenhéicht gewisen. De Réckstand vun der Lokalekipp war um Enn vum 1. Véierel nëmmen dräi Punkte grouss, an der Hallschent souguer nëmmen ee Punkt, dat bei engem Stand vu 40:41. Och am 3. Véierel huet ee kee groussen Ënnerscheed um Terrain tëscht de béiden Ekippe gesinn. Am leschte Véierel konnt sech d'Lokalekipp dann e klenge Virsprong opbauen, wat um Enn da fir eng knapps Victoire duergaangen ass. Zum Schluss wënnt also d'Arantia vu Fiels mat 85:77 géint de Racing.
Amicale Steesel - Musel Pikes 72:93
(21:21, 19:29, 13:21, 19:22)