Esch zitt a spannendem Match géint Fiels de Kierzeren

An der Partie tëscht dem Basket Esch an der Arantia war bis zum Schluss alles op. Um Enn konnt sech de Gaascht vu Fiels awer knapps mat 78:76 behaapten.
E Freideg den Owend stoungen am Dammen- an Häre-Basket jeeweils zwee Matcher vum 13. Spilldag an der Total League um Programm.
Bei den Dammen ass et fir den Tabelleleader Musel Pikes eng 67:55-Victoire géint d'Etzella ginn an de Basket Esch konnt sech souverän mat 94:46 géint d'Sparta vu Bartreng behaapten.
Bei den Häre gouf et fir d'Fiels eng knapps 78:76-Victoire zu Esch an d'Amicale Steesel huet sech misse mat 83:86 géint Hiefenech geschloe ginn.
Härebasket
Basket Esch - Arantia Fiels 76:78 (17:16, 24:20, 18:20, 17:22)
Zu Esch huet een an den éischte Minutte vum Match eng ausgeglache Partie gesinn. Mat engem 17:16 nom 1. Véierel huet sech dat och am Spillstand gewisen. Am zweete Véierel hu béid Ekippe weider den Tempo erhéicht, ma sou richteg vill konnt sech kee vum aneren ofsetzen. Mat enger knapper Escher Féierung vu 5 Punkten ass sou déi éischt Hallschent vum Match op en Enn gaangen.
Och am 3. Véierel war d'Lokalekipp weider vir, ma mat enger Avance vu just dräi Punkte huet sech alles am leschte Véierel entscheet. Do war et tëscht den zwou Ekippen en hin an hir a bis zum Schluss spannend. Um Enn ass et dem Basket Esch dann awer net gelongen d'Féierung iwwert d'Zäit ze bréngen a sou wënnt d'Arantia Fiels um Enn knapps mat 78:76.
Amicale Steesel - US Hiefenech 83:86 (22:20, 21:23, 19:26, 21:17)
Tabell
Dammebasket
Etzella - Musel Pikes 55:67 (18:27, 10:14, 16:9, 11:17)
D'Etzella huet gutt an de Match fonnt a louch géint den Tabelleleader fir ronn 5 Minutten a Féierung. Da sinn d'Musel Pikes awer ëmmer besser ginn, sie konnten de Match u sech rappen a sou mat engem Virsprong vun 9 Punkten an den 2. Véierel goen. Do konnten d'Gäscht d'Ekipp vun Esch weider op Distanz halen an de Virsprong weider ausbauen.
No der Hallschent war dann awer nees d'Lokalekipp um Drécker a sou huet sech de Réckstand op 6 Punkte verklengert. Dat huet der Spannung vum Match natierlech gutt gedoen, ma am 4. Véierel konnten d'Musel Pikes d'Féierung iwwert d'Zäit bréngen an d'Partie um Enn mat 67:55 fir sech entscheeden.
Basket Esch - Sparta Bartreng 94:46 (26:9, 26:17, 26:14, 16:6)