
E Freideg den Owend ass ënnert anerem an der däitscher Bundesliga, an der franséischer Ligue 1 an an der englescher Premier League de Ball gerullt.
Leipzig - Hoffenheim 0:0
An der Course ëm de Championstitel an Däitschland huet Leipzig e Freideg den Owend ganz wichteg Punkte géint Hoffenheim leie gelooss. D’Ekipp vum Nagelsmann ass Doheem géint d’TSG Hoffenheim net iwwert een 0:0 erauskomm. Domadder bleift et bei 4 Punkte Retard op de Leader Bayern München. Den FCB kann e Samschdeg géint de VfL Wolfsburg de Virsprong weider ausbauen.
Leipzig hat iwwer wäit Strecken däitlech méi vum Spill, koum awer nëmme seele geféierlech virun de Gol vum Géigner. An der sechster Minutt vun der Nospillzäit hat de Ball de Wee nach an de géigneresche Gol fonnt. Ma de Gol vum Poulsen gouf no Videobeweis net gewäert.
Hoffenheim ass am fënnefte Match an der Bundesliga noneen ouni Victoire bliwwen, ma huet sech awer e wichtege Punkte an der Lutte géint den Ofstig geséchert.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Everton - Tottenham Hotspur
0:1 Kane (27'), 1:1 Sigursson (31'), 2:1 Sigursson (62'), 2:2Kane (68')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Lille - HSC Montpellier 1:1
0:1 Delort (21'), 1:1 Luiz Araujo (85')
Lille huet sech um 33. Spilldag an der Ligue 1 géint Montpellier schwéier gedoen. D’Gäscht waren no 21 Minutten duerch den Delort mat 1:0 a Féierung gaangen. Laang huet et duerno ausgesinn, wéi wann et keng Punkte fir Lille géing ginn. An der 85. Minutt konnt de Luiz Araujo awer nach op 1:1 setzen a senger Ekipp esou nach e Punkt sécheren. Lille hat Sekonne viru Schluss nach eng ganz geféierlech Chance, ma de Kipper Omlin konnt de Schoss vum Yilmaz ofwieren. Duerch dëse Remis kann de PSG mat enger Victoire dëse Weekend de Retard op de Leader Lille op 1 Punkt verkierzen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga