D'Résidence huet sech e Mëttwoch den Owend mat 79:64 beim T71 behaapt a brauch elo nach eng Victoire fir den Titel ze gewannen.

E Mëttwoch den Owend huet d'Résidence Walfer an der Finall vum Dammebasket-Championnat déi éischt Partie an der Best-of-three-Serie géint den T71 Diddeleng fir sech entscheet.

Vum éischte Véierel u war et eng ganz enk Partie tëscht béiden Ekippen. No den éischten 10 Minutte stoung et 20:19 aus Siicht vun de Gäscht. Bis d'Paus konnt Walfer de Virsprong weider liicht an d'Luucht schrauwen an esou ass et beim Score vun 39:36 an d'Kabinne gaangen.

D'Résidence konnt am drëtte Véierel de Virsprong weider liicht ausbauen an esou louch ee virun de leschten 10 Minutte mat 56:50 a Féierung. Bis zum Schluss huet een dee Virsprong net méi hierginn an esou huet sech Walfer um Enn mat 79:64 behaapt. Déi meeschte Punkten huet bei Walfer d'Profispillerin Samantha Logic gemaach. Si huet mat hire 25 Punkten ee groussen Deel zur Victoire bäigedroen.

Domadder kann d'Résidence e Samschdeg den Owend schonn de Sak zoumaachen. D'Partie gëtt um 19 Auer zu Walfer ugepaff. Sollt et zu engem decisiven drëtte Match kommen, da wär deen de 5. Juni um 20 Auer zu Diddeleng.

Lina Frapanzi zefridde mam Resultat an der Manéier

Am Basket hunn déi Walfer Dammen ee wichtege Schratt Richtung Championstitel gemaach. Am éischte Match vun der Final gewënnt d´Résidence relativ kloer mat 79 op 64 zu Diddeleng. An der Paus war et een Avantage vu just 3 Punkten. Fir d´Lina Frapanzi an hir Matspillerinnen hätt et net besser kenne lafen.

Extrait Lina Frapanzi

"Et war d'Zil, dëse Match ze gewannen. Elo kënne mir mat manner Drock an den Zweete goen. Et wier natierlech flott, Champion zu Walfer ze ginn. Mir hunn elo alles ginn. Ech si frou, datt et geklappt huet an net wéi de leschte Match géint si, wou mir just knapps gewonnen hunn."