Jairo Delgado hänkt Basketschong un den Nol
E Freideg den Owend huet de Jairo Delgado e Schlussstréch ënnert seng aktiv Karriär am Basket gezunn. Eng Ära geet domadder zu Ettelbréck op en Enn.
No iwwer 20 Joer ass dem Jairo Delgado seng aktiv Karriär am Basketball eriwwer.
Gären hätt den Ettelbrécker mat senger Ekipp nach an der Finall vum Championnat gestanen, mee do hunn déi Escher him e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. An der 3. an decisiver Halleffinall war Schluss. D'"Blue Blood's", wéi déi Ettelbrécker genannt ginn, hu géint de Basket Esch mat 78:88 de Kierzere gezunn.
An engem Mount kritt de Jairo Delgado 36 Joer. D'Schanke sinn also net méi déi jéngst. An awer huet de Sportler ëmmer alles ginn. Och elo, déi leschte Saison. Hien huet sech ëmmer mat sengem Club identifizéiert. Eng trei Séil. Am Summer 2011 goung de Basketballer fir eng Saison op Diddeleng, bei den T71. Duerno ass et awer nees zeréck op Ettelbréck gaangen.
Am Joer 2001 huet de Jairo Delgado eng éischte Kéier 1. Ekipp gespillt. Deemools mat 16 Joer. 20 Joer méi spéit hänkt hien d'Schong un den Nol. An där Zäit huet hie mat der Etzella 3 Championstitele gefeiert. 2003, 2006 a fir d'lescht virun 2 Joer. D'Coupe goung wärend der Ära Jairo Delgado 8x op Ettelbréck. Fir d'lescht 2019.
Nieft sengem onermiddlechen Asaz a sengem Veräin huet de Jairo Delgado och vill Joren den Trikot vun der Nationalekipp ugedoen. A 47 Matcher huet den Ettelbrécker mam Roude Léiw op der Broscht gespillt.
Mëttlerweil ass de Jairo Delgado och Comitésmember bei der Etzella an hëlleft vill hannert de Kulisse vum Club. Hie bleift dem Veräin deemno och no senger aktiver Karriär erhalen.