De Cristiano Ronaldo huet viru lafender Kamera bei der Euro 2020 däitlech ze verstoe ginn, wat hie vu Coca-Cola hält.

Fir den EM-Sponsor huet deen Optrëtt elo finanziell Suitten.

De Futtball-Star hat e Méindeg op enger Pressekonferenz irritéiert op déi 2 Coca-Cola-Fläsche gekuckt, déi um Dësch fir hie prett stoungen. Hien huet béid Fläschen op d'Säit gedréckt, huet no senger Waasserfläsch gegraff an demonstrativ "Agua!" an d'Kamera gesot. Duerno koum nach en onverständlecht Gegrommels, aus deem ee Coca-Cola eraushéiere konnt.

Méi Anti-Reklamm ass bal net méiglech, an dat krut den EM-Sponsor och direkt ze spieren. De Wäert vun der Mark ass vun 241 Milliarden Dollar op 239 Milliarden erofgerëtscht. D'Aktie stoungen e Méindeg bei knapp 56,10 Dollar a puer Minutten no der Pressekonferenz si se op 55,20 an de Keller gerutscht. Um Enn vum Dag waren et dunn 55,44 Dollar.

News, Statistiken, Radio-Reportagen, Pronostickespill, Quiz, ...