Vum 23. Juli bis den 8. August sinn zu Tokio d’Olympesch Summerspiller. Mat dobäi ass och nees eng Lëtzebuerger Delegatioun. D’Team Lëtzebuerg besteet aus 12 Sportler a Sportlerinnen, déi sech qualifizéiert hunn.
An der Sportemissioun op RTL Télé Lëtzebuerg goufen e Sonndeg vun 20 Auer un ënnert anerem Portraite vun de Lëtzebuerger Sportler a Sportlerinne gewisen an de President vum Lëtzebuerger Olympesche Comité André Hoffmann an den techneschen Direkter vum COSL Heinz Thews waren am Interview.
Den Iwwerbléck vun de Lëtzebuerger Sportler a Sportlerinnen zu Tokio:
Cyclissem: Christine Majerus, Michel Ries, Kevin Geniets
Liichtathletik: Bob Bertemes, Charel Grethen
Dëschtennis: Ni Xia Lian, Sarah De Nutte
Schwammen: Raphaël Stacchiotti, Julie Meynen
Reiden: Nicolas Wagner
Triathlon: Stefan Zachäus
Bouschéissen: Jeff Henckels