Den Jonathan Joubert wëll fort vun Hesper

© Didier Weber / RTL
Den Jonathan Joubert ass net méi d‘Nummer 1 zu Hesper.
De Futtball-Golkipp, deen elo déi lescht 20 Joer souwuel zu Gréiwemaacher, wéi zu Diddeleng an d‘lescht Saison och nach beim Swift ëmmer tëscht de Pottoe stoung, krut dat esou vu sengem neien Trainer um Holleschbierg, Vincent Hognon, matgedeelt.
Den 41 Joer ale Joubert, deen nach ëmmer ee vun de beschte Goalkipper hei am Land ass, war en Donneschdeg fir d‘Conference League och net op Domzale a Slowenien matgeholl ginn. De fréiere Lëtzebuerger Nationalgoalkipp huet gefrot, fir de Veräin kënnen ze verloossen. De Joubert géif nawell gär bei den F91 Diddeleng zeréckgoen. An der Forge du Sud ass ze héieren, datt ee sech dee Retour och kéint virstellen. Bis ewell krut de Joubert awer vum Swift, respektiv vum Mäzen Flavio Becca, nach keng gréng Luucht, fir kënnen ze wiesselen. Déi national Transfertfënster ass just nach 6 Deeg op.