Lëtzebuerg verléiert knapp mat 74:80 géint Portugal
D'FLBB-Formatioun huet eng staark Leeschtung gewisen a louch 42 Sekonne viru Schluss nëmme mat 3 Punkten hannen.
No der batterer 76:129-Néierlag de leschte Samschdeg géint Schweden war d'FLBB-Formatioun en Dënschdeg den Owend an der 2. Ronn vun der Pre-Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft 2023 géint Portugal gefuerdert. An hei hunn d'Lëtzebuerger eng däitlech besser Leeschtung gewisen. Um Enn gouf et wuel eng weider Néierlag, ma mat 74:80 ass déi knapp ausgefall. Bei de Lëtzebuerger huet de Clancy Rugg 20 Punkte markéiert, den Thomas Grün ass op 17 Punkte komm.
De Match tëscht Lëtzebuerg a Portugal war ausgeglach. Am éischte Véierel huet d'Féierung ëmmer nees gewiesselt. No 10 Minutte louchen d'Portugise knapp mat 23:19 a Féierung. Bis d'Paus ass et weider enk bliwwen an d'Lëtzebuerger konnten de Réckstand verkierzen. Beim Tëschestand vu 46:48 aus Siicht vun der FLBB-Formatioun ass et an d'Kabinne gaangen. Am drëtte Véierel ass et de Portugise gelongen, fir d'Avance auszebauen an esou ass et beim Score vun 61:53 an déi lescht 10 Minutte gaangen. Hei huet et tëschenduerch esou ausgesinn, wéi wann d'Portugisen d'Avance kéinte vergréisseren, ma d'Lëtzebuerger hu gekämpft an haten 42 Sekonne viru Schluss nëmmen e Retard vun 3 Punkten. Um Enn gouf et awer eng 74:80-Néierlag.
E Mëttwoch den Owend steet dann dee leschte Match fir d'Lëtzebuerger Basketballhären um Programm. An der Bubble a Portugal gëtt de Retourmatch géint Schweden gespillt. Och dës Partie kënnt Dir nees am Livestream op RTL.lu kucken.