EuroCup am Basket67:85-Defaite fir d'Dammen aus dem Gréngewald

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend hunn d'Dammen aus dem Gréngewald zu Sassari an Italien den Allersmatch an der Qualifikatioun vum EuroCup am Basket gespillt.
© Screenshot / FIBA

Schonns d’lescht Joer ass d’Ekipp vum Trainer Herrmann Paar am EuroCup ugetrueden, deemools huet ee géint Namur de Kierzere gezunn. Géigner en Donneschdeg den Owend war Banco Sardegna Sassari, dee sech géint d’Spillerinnen aus dem Gréngewald duerchgesat huet. No véier Véierel huet ee sech misse mat 67:85 geschloe ginn (17:24, 36:48, 52:66, 67:85).

Am éischte Véierel haten d’Dammen aus dem Gréngewald nach gutt matgehalen. No 10 Minutte louch ee mat 17:24 hannen. Am zweete Véierel konnte sech d’Spillerinnen aus Italien weider ofsetzen. Mat engem Virsprong vun 12 Punkten (48:36) ass et fir d’Géignerinnen an d’Paus gaangen. Am drëtten an am véierte Véierel ass de Réckstand weider gewuess, sou dass Banco Sardegna Sassari um Enn mat 85:67 gewonnen huet.

De Retourmatch gëtt den 29. September dann zu Nidderaanwen gespillt.

Back to Top
CIM LOGO