BundesligaKöln dréint Match géint Fürth

RTL Lëtzebuerg
Köln huet sech duerch dräi Goler an den zweete 45 Minutte mat 3:1 géint den Opsteiger behaapt.
© AFP

E Freideg den Owend war den Optakt vum 7. Spilldag an der däitscher Bundesliga. Den 1. FC Köln hat den Opsteiger Greuther Fürth op Besuch. Um Enn konnte sech déi Kölner mat 3:1 duerchsetzen a sech iwwert déi drëtte Victoire freeën.

Greuther Fürth war schonn an der 7. Minutt duerch e Gol vum Meyerhöfer a Féierung gaangen. Köln ass bis d’Paus dem Réckstand hannendru gelaf. Nom Téi ass den FC dunn awer besser ginn a konnt an der 50. Minutt duerch den Andersson ausgläichen. Nëmme 5 Minutte méi spéit huet et nees am Gol vum Opsteiger gerabbelt. De Skhiri huet d’Ekipp vum Baumgart mat 2:1 a Féierung bruecht. An der 89. Minutt huet de Kölner mam 3:1 fir d’Decisioun gesuergt. Um Enn geet d’Victoire fir d’Lokalekipp an d’Rei.

Mat nëmmen engem Punkt bleift Fürth op der leschter Tabelleplaz. Köln steet op d’mannst bis e Samschdeg op der sechster Plaz.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO