Neit Covid-GesetzFLF an FLTT soen all Matcher fir déi nächst Deeg of, Dan Kersch verwonnert

RTL Lëtzebuerg
Dat hunn déi verschidde Federatiounen en Dënschdeg de Mëtteg an engem offizielle Schreiwes matgedeelt. Den Dan Kersch weist sech verwonnert.

D’FLF krut déi nei Dispositiounen eréischt e Méindeg den Owend vum Sportsministère matgedeelt. Zu hirem Erstaunen trieden déi nei Mesurë schonn direkt en Dënschdeg a Kraaft an net eréischt den 1. November.

Et wëll een de Veräiner Loft loossen, fir sech elo ze organiséieren. Bei der Futtballfederatioun geet een dovun aus, datt d’Clibb elo nees op Leit mussen zeréckgräifen, déi zertifiéiert Schnelltester ausstellen däerfen, wéi Kinéen oder Infirmieren, esou den FLF-President Paul Philipp.

Mir hate geduecht et wär eriwwer. Si musse sech nei organiséiere wéi deemools, eng Persoun sichen, déi dat dann däerf zertifiéieren. Et däerf een awer net vergiessen, datt tëscht deemools an elo, Gott sei Dank muss ech soen, sech vill Leit impfe gelooss hunn. Fir déi aner muss et organiséiert ginn an dat ab 12 Joer. Et geet elo net géint déi gesamt Covid- Reegelen, mä et ass einfach den Delai, deen net ginn ass, fir et bei eise Veräiner richteg ëmzesetzen.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO