Dammennationalekipp prett fir d'Matcher géint d'Schwäiz an Italien
Am Juli hu si op der EM vun de klenge Länner Gold gewonnen an elo preparéiere si sech op d’Qualifikatioun fir d’EM 2023.
D’Lëtzebuergerinne sinn an enger Grupp mat Italien, der Slowakei an der Schwäiz. Eng intressant Grupp aus Lëtzebuerger Siicht, well ee mat Italien an der Slowakei zwee ganz staark Géigner huet a mat der Schwäiz eng Ekipp, déi ongeféier um nämmlechten Niveau dierft spillen. An der Weltranglëscht steet Lëtzebuerg nämlech op der 56. Plaz an ass domat 2 Plaze besser klasséiert wéi de Géigner vun en Donneschdeg.
Wat aus Lëtzebuerger Siicht net ideal ass, dat ass, datt mam Anne Simon, dem Svenia Nurenberg an dem Julija Vujakovic dräi wichteg Spillerinnen, déi an den USA Basket spillen, feelen. Dat wëll een awer net als Excuse huelen, betount d'Catherine Mreches, déi betount huet, datt een och nach aner ganz gutt Spillerinnen hätt.
Vun de 15 Spillerinnen am Kader spillen der 12 Stéck zu Lëtzebuerg. Déi hu sech och dës Woch schonns zesumme preparéiert. Eng Spillerin, déi e Sonndeg eréischt bei d’Ekipp dobäi komm ass, ass d’Lisa Jablonowski. Fir déi 24 Joer al Profispillerin ass dat awer kee gréissere Problem. Si kennt d'Ekipp an de System an ass jo awer bei hirem Veräin an Italien am Training. Weider hofft si, datt een en Donneschdeg doheem an der Coque eng Victoire feiere kann.
E Sonndeg muss een dann awer an Italien untrieden. Géint d’Nummer 13 vun der Welt wäert et ee ganz anere Match ginn, nawell wëll een och probéieren, dee Match ze gewannen, wéi den Nationaltrainer Mariusz Dziurdzia betount huet. Nawell wier ee sech bewosst, datt Italien nach eemol e ganz anert Kaliber wier.