
Am nationale Futtball war et um Samschdeg den Optakt vum 13. Spilldag an der BGL Ligue. Um Cents hat de RM Hamm Benfica Besuch vun Nidderkuer. An et waren d’Gäscht déi eng iwwerzeegend 1. Hallschent gespillt hunn a mat engem méi wéi verdéngtem 3:0 an d’Paus gaange sinn. D’Goler fir de Progrès hunn de Bal (9'), Bohnert (26'), a Vogel (35') geschoss.
Nom Säitewiessel ass Hamm duerch e Gol vum Pinto (47') staark aus de Kabinne komm, huet d’Kontroll awer séier nees missten un de Progrès ofginn. Bannent 6 Minutten hunn Almeida, Ba a Klapp (61', 64', 67') zougeschloen an de Match fréizäiteg entscheet. Hamm verléiert um Enn kloer mat 1:9 géint de Progrès Nidderkuer.